do–SO

10.09.–13.09.

Kino beim Schlass

D’Gemeng Suessem presentéiert déi 6. Editioun vum legendäre Kino beim Schlass. Erlieft bei Abroch vun der Däischtert bescht Ënnerhalung fir Grouss a Kleng. Mat dobäi dëst Joer Super Mario Galaxy a Minions & Monster, déi flott Owender fir d’ganz Famill garantéieren. Wien op poetesch a magesch Momenter steet, fir deen ass de Klassiker Le fabuleux destin d’Amélie Poulain dat Richtegt. Eise leschten Owend gëtt mat engem Blockbuster ofgeschloss: den actionräichen a verréckte Multiversum-Hit Everything Everywhere All at Once.

Gratis Entrée déi 4 Deeg.

La Commune de Sanem présente la 6ème édition du Kino beim Schlass. À la tombée de la nuit, vivez une expérience extraordinaire. Cette année, nous vous proposons Super Mario Galaxy et Minions & Monster, des soirées inoubliables pour toute la famille. Pour celles et ceux qui aiment la poésie, le grand classique Le fabuleux destin d’Amélie Poulain est fait pour vous. Notre programmation pour la dernière soirée se termine en apothéose avec le chef-d’œuvre d’action Everything Everywhere All at Once, une aventure spectaculaire à travers le multivers.

Entrée gratuite les 4 jours.

Kino

Super Mario Galaxy

Den ikonesche Blechschléier Mario mécht sech op de Wee duerch d’Galaxis fir eng nei an onvergiesslech Missioun ze erfëllen. De Klassiker geet mat enger weiderer actionräicher Aventure voller Iwwerraschungen an déi nächst Ronn – perfekt fir déi ganz Famill!

Donneschdeg, 10. September 2026
20.00 Auer – VA

Minions & Monster

Yup, se sinn nees do! Dës Kéier begéinen déi kleng giel Männercher op hirer chaotescher Rees e puer lëschteg, awer och e bëssen grujeleg Monsteren. Spaass, Chaos an eng gutt Portioun Humor si garantéiert.

Freideg, 11. September 2026
20.00 Auer – VA

Le fabuleux destin d’Amélie Poulain

D’Amélie lieft an hirer eegener magescher Welt zu Paräis a beschléisst enges Daags, d’Liewe vun de Leit ronderëm sech op kleng Aart a Weis ze verbesseren. E poeteschen an häerzhafte franséische Klassiker.

Samschdeg, 12. September 2026
20.00 Auer – VF

Everything Everywhere All at Once

Eng gestresst Mamm gëtt onerwaart an eng verréckte Multiversum-Aventure gezunn. Si ass déi eenzeg, déi d’Welt rette kann, andeems si sech mat anere Versioune vun sech selwer verbënnt. Een emotionaalt Meeschterwierk.

Sonden, 13. September 2026
20.15 Auer – VO (Subs VR & NL)

Animatioun & Liesung