DonneschdegSonndeg

04.09. –
07.09.

Kino beim Schlass

zu Suessem

D’Gemeng Suessem presentéiert déi 5. Editioun vum legendäre Kino beim Schlass. Erlieft bei Abroch vun der Däischtert bescht Ënnerhalung fir Grouss a Kleng. Mat dobäi dëst Joer Secret Life of Pets a Minecraft, déi flott Owender fir d’ganz Famill garantéieren. Wien op Action steet, fir deen ass Mission: Impossible – The Final Reckoning dat Richtegt. Eise Film um leschten Owend ass näischt fir schwaach Nerven, den Horror-Blockbuster 28 Years Later, déi laang erwaarte Suite vun 28 Weeks Later an 28 Days Later.

Gratis Entrée déi 4 Deeg.

-

La Commune de Sanem présente la 5ème édition du Kino beim Schlass. À la tombée de la nuit, vivez une expérience extraordinaire. Cette année, nous vous proposons Secret Life of Pets et Minecraft, des soirées inoubliables pour toute la famille. Pour ceux et celles qui aiment l’action, Mission: Impossible – The Final Reckoning est fait pour vous. Notre programmation pour la dernière sorée est réservé aux  amateur·rice·s de sensations fortes : le blockbuster d’horreur 28 Years Later, la suite tant attendue de 28 Weeks Later et 28 Days Later.

Entrée gratuite les 4 jours.

-

Kino

Secret life of pets

Wat maachen eis Hausdéieren, wann mir net doheem sinn? Secret Life of Pets verréit et mat Humor an Häerz – eng animéiert Komedie fir déi ganz Famill!

Donneschdeg, 04. September 2025
20.30 Auer – VA

Minecraft

Véier Aussenseiter∙inne ginn an eng magesch, würfel-formeg Welt bruecht. Um Wee fir nees zeréck heem erwaarde si vill Erausfuerderungen a si musse sech enger onerwaarter Aventure uschléissen.

Freideg, 05. September 2025
20.30 Auer – VA

mission: impossible the final reckoning

Den Ethan Hunt steet viru senger geféierlechster Missioun: Hien a säin Team musse sech enger neier Erausfuerderung stellen: der kënschtlecher Intelligenz. Nëmme sou kënne si d’Welt virun enger totaler Iwwerwaachung retten.

Samschdeg, 06. September 2025
20.30 Auer – VO (Subs VA/VF)

28 years later

28 Joer no der Zombie-Apokalypse gëtt eng nei Generatioun mat de Suitte vun der Vergaangenheet konfrontéiert. 28 Years Later bréngt déi ikonesch Horror-Franchise zeréck – däischter, intensiv a voller Spannung.

Sonndeg, 07. September 2025
20.30 Auer – VO (Subs VA/VF)

Animatioun & Liesung

(un)folded by aramelo

Spektakulär Akrobatik trëfft op eng gutt Portioun Humor. Zwee verschidde Charakteren entfalen hir Fantasie um Trampolin. Eng Geschicht ouni vill Wieder, mee voller Iwwerraschungen.

Freideg, 05. September 2025
19.45 Auer

Virspill vum Jacques molitor

De Lëtzebuerger Regisseur Jacques Molitor féiert mat sengem eenzegaartege Bléck an d’Welt vum Kino an. Hien iwwerhëlt d’Introductioun fir den Horrorfilm.

Sonndeg, 07. September 2025
19.30 Auer op Lëtzebuergesch